Krich an der Ukrain

Selenskyj zu Roum: "USA hu keng Zäit méi fir d'Ukrain"

No Berlin an Oslo, ass den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj haut zu Roum. Hie gouf do vun der italieenescher Ministerpresidentin Giorgia Meloni empfaangen. Den ukrainesche President mécht den Tour vu sengen europäeschen Alliéierte fir weider Ënnerstëtzung am Krich géint Russland ze kréien.

auto_stories

1 min

© EPA/ANGELO CARCONI
(Foto: EPA/ANGELO CARCONI)

Den US-President Donald Trump wier a permanente Verhandlunge mam Iran an hätt keng Zäit méi fir d‘Ukrain, esou de Selenskyj. Déi rietspopulistesch italieenesch Premierministesch war eng vun den enksten Alliéierte vu Washington an Europa an huet sech beim Donald Trump fir d‘Ukrain agesat. 

Zënter dem Krich am Iran hunn sech d‘Relatiounen tëscht Roum a Washington awer verschlechtert. Den Donald Trump huet d‘Giorgia Meloni schaarf kritiséiert, well si refuséiert hat, datt amerikanesch Krichsfligeren a Sizilien konnten zwëschelanden.