Album vun der Woch

Raven a kräischen: Arlo Parks - Ambiguous Desire

Der Arlo Parks hiren neien Album “Ambiguous Desire” ass den drëtten Album vun der englescher Sängerin a Songwriterin. Schonn zënter hirem Debutalbum “Collapsed in Sunbeam” aus dem Joer 2021, konnt si Succès feieren. Si huet mat deem nämlech direkt de Mercury Prize gewonnen.

auto_stories

2 min

Deemools huet si nach just duussen introspektive Pop gemaach. Och den zweeten Album war an déi Richtung. Den neien Album mécht awer eppes Neies: Hei sinn elo Aflëss vun House, Techno a Garage ze héieren.

Seng Jugend nohuelen

Vue datt schonn den éischten Album esou gefeiert gouf, huet d’Arlo Parks och direkt eng Tour gemaach, den zweeten Album och direkt hannendrun gehaangen, an deen dann och getourt.

D’Musekerin ass lo och réischt 25 Joer al. Do war net vill Fräizäit fir d’Liewen ze liewen, an déi wierklech forméierend Joren an den Ufank 20er “normal” ze erliewen. D’Musekerin seet selwer, si hätt bewosst eng Paus gemaach nom zweeten Album, wou si da vill zu New York feiere gaangen ass an do bëssen hir Jugend nogeholl huet.

An déi Raver-Zäit héiert een elo och ganz kloer um neien Album.

Raven

Wat den Album wierklech gutt mécht, ass Biller vermëttelen. Wärend dem Lauschtere fillt ee sech dacks wéi wann ee mat der Musekerin iergendwou op enger Rave ënnerwee ass, mat Leit relax hin an hier wippt, wéi eben esou Dagesraves am Summer. 

Natierlech sinn och méi traureg Lidder dobäi, mee och hei kritt een e Bild vermëttelt. Wann een am Hangover ass nom feiere goen, geet et engem jo tendenziell och net mega gutt. An awer ass et schéin, d’Arlo Parks och mol méi positiv ze héieren. Dat war virdrunner tendenziell éischter ëmmer traureg.

Historesch richteg

Et mierkt een och, datt d’Arlo Parks seng Hausaufgabe gemaach huet, a sech geschichtlech mat Rave-Musek auserneegesat huet. Dat héiert een och wierklech eraus beim Lauschteren, mee et wier gutt gewiescht, och einfach mol bësse Chaos zouzeloossen.

Danzmusek ass genau da richteg gutt, wann een einfach mol mécht an nei Saachen ausprobéiert. Dat hätt den Album vun der Arlo Parks zu engem Meeschterwierk maache kënnen, menger Usiicht no.

Wa si sech just nach bësse méi an den Techno, House a Garage erageluecht hätt, wier eppes wierklech Magesches entstanen. Esou ass et awer nach ëmmer e gudden Album, deen een zum Danzen an och mol Nodenken, oder souguer zum Kräische bréngt.