Justiz

Parquet freet Minimal-Geldstrof fir Journalisten am Prozess ronderëm RTL/Lunghi-Affär

Am Appelprozess an der sougenannter RTL/Lunghi-Affär huet de Vertrieder vum Parquet général eng minimal Geldstrof fir déi fréier RTL-Journaliste Marc Thoma a Sophie Schram an d’Confirmatioun vum Fräisproch fir den Ex-RTL-Direkter Alain Berwick gefrot.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© unsplash play_arrow
(Foto: unsplash)

D’Strof aus éischter Instanz géint de Marc Thoma an d’Sophie Schram - eng Geldstrof vu jee 1.000 Euro - sollt dofir op de Minimum vu jee 251 Euro reduzéiert ginn.

Et goung nach emol ëm d’medial Couverture, duerch RTL, vun engem Interview mam deemolege Mudam-Direkter. D’Sophie Schram hat deen am September 2016 gemaach.

Reproche vu manipuléiertem Reportage

An deem Interview hat den Enrico Lunghi ee Moment, ausser sech, de Mikro vun der Journalistin ewechgeschloen a si mam Aarm geholl. An der Suite dovun hat RTL de Virworf gemaach kritt, e Reportage doriwwer wier manipuléiert gewiescht. 

An den Ae vum Vertrieder vum Parquet général misst ee kucken, ob dee Reportage den Enrico Lunghi schlecht gemaach hätt. Wuel wier deem säi Verhalen net richteg gewiescht, dat kéint een als Journalist bréngen, mee den Ex-Mudam-Direkter wier méi schlecht duergestallt ginn, wéi et war.

Dës Infraktioun wier zeréckzebehalen, mee déi minimal Strof vun 251 Euro géif dofir duergoen. Den Alain Berwick sengersäits bléif fräizespriechen.

28 Sekonnen erausgeschnidden, an deenen näischt geschitt wier 

Fir de Me Baulisch, Affekot vum Marc Thoma, hätt dee seng Aarbecht gemaach a sollt fräigesprach ginn. Eng Condamnatioun wier net ze akzeptéieren.

Bei enger banaler Fro vum Sophie Schram wier den Enrico Lunghi rose ginn an op d’Journalistin duergaangen, hätt si agresséiert an déi Aggressioun dono contestéiert. Aus dem Reportage wieren 28 Sekonnen erausgeschnidde ginn, well näischt do geschitt wier. D’Informatioun wier och déi gewiescht, datt sech den Enrico Lunghi net gepackt an d’Sophie Schram ugepak hätt.

De Me André Lutgen, Affekot vum Alain Berwick, huet betount, datt sech de Mudam an d’Emissioun “Nol op de Kapp” ni begéint hätten, bis September 2016. Ee Mount drop hätt den Enrico Lunghi als Direkter demissionéiert, an e weidere Mount dono wier déi kollektiv Hysterie lassgaangen.

Dobäi wier ënner anerem eng grotesk Conspiratiounstheorie vun RTL a Politik engersäits géint den Enrico Lunghi anerersäits opkomm. Den Ex-Mudam-Direkter wier am Reportage just als dat duergestallt ginn, wat en duergestallt hätt. Dem Me André Lutgen no bräicht d’Cour d’appel Courage, fir all d’Leit fräizespriechen. 

D’Appellsurteel gëtt den 20. Mee gesprach.

Lauschterenplay_arrow