Justiz

Prozess ëm Ex-Fussballprofi: Parquet freet 2 Joer Prisong fir de Matugekloten

Am Prozess, um Dikrecher Geriicht, géint ënner anerem den Theo Malget huet de Vertrieder vum Parquet zwee Joer Prisong mat deelweisem Sursis fir de Matugeklote gefrot. D’Strofmooss géint de fréiere Fussball-Nationalspiller soll muer, nom Verhandele vun enger zweeter Affär géint hien, bekannt ginn.

auto_stories

2 min

© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

De fréiere Profi kritt jo ënner anerem Fälschung, Bedruch a Verontreiung virgehäit. Den haut 65 Joer alen Theo Malget soll vun 2009 bis 2013, mat Hëllef vum Matbeschëllegten, eppes méi wéi eng Millioun Euro vu Privatleit verontreit hunn. Am Géigesaz zum Ex-Fussballer kennt den zweeten Ugekloten déi géint hie gefuerdert Strof deemno.

Parquet: Theo Malget hat d'Haaptroll

Fir de Vertrieder vum Parquet huet den Theo Malget an dëser Affär d’Haaptroll gespillt. De Matbeschëllegte wär iwwerdeems fir d’éischt Affer gewiescht, dono awer Matwësser a Kompliz. D’Affer wären duerch d’Epicerie vum Matugekloten zu Victimme ginn, an ouni den 73 Joer ale Mann wär näischt gelaf.

Well dee sech och hätt wëlle beräicheren, sollt eng Prisongsstrof gesprach ginn. Zwee Joer mat deelweis Sursis wären ubruecht, nieft enger Geldstrof, esou de Vertrieder vum Parquet.

Affer froe Schuedensersatz

Do virdrun haten eng Victime an 3 Affekote fir hir Cliente Schuedenersatz verlaangt. De Me Baulisch, Affekot vun zwou Partie civilen, huet vun enger ganz schlëmmer Affär fir d’Affer geschwat, deenen hiert Erspuerten op kriminell Aart a Weis verspillt gi wär. Seng Mandanten haten zesummen e Schued vun 183.500 Euro.

Dem Me Christian Hansen no, Affekot vun enger Fra, hätt déi am Ganzen 99.000 Euro investéiert. Mat Schuedenersatz dobäi kéim een op net grad 115.000 Euro, déi d’Madamm aus der Belsch zréckkréie sollt. De Me Marc Becker, Affekot vum Matugekloten, wëllt fir deen - dat, Zitat, "Éischt Affer vun deem genialen Investmentvehikel" - e ganz groussen Deel vun den investéierten 125.000 Euro erëm.

E lescht Affer, och eng Fra aus der Belsch, hat zesumme bal 485.000 Euro investéiert.

"On est tombés dans le piège!", huet si zu Protokoll ginn. De Leit hir Sue waren an héich spekulativ Produite gestach ginn an doropshi fort.

E Freideg de Moie geet dëse Prozess virun.