Zu Bochum ass en 12 Joer aalt Meedche bei engem Policeasaz liewensgeféierlech blesséiert ginn. Hatt war wärend dem Asaz ugeschoss ginn. D‘Meedchen hätt d‘Operatioun gutt iwwerstan, säin Zoustand wier kritesch awer stabil. Dat huet déi däitsch Police matgedeelt.
D‘Meedchen ass daf. Et war zënter engem Dag aus senger Wunngrupp verschwonnen an et gouf mat groussem Opwand no him gesicht, well et liewenswichteg Medikamenter huele muss.
D‘Meedche gouf schlussendlech an der Wunneng vu senger Mamm fonnt, déi och daf ass. Wéi d‘Meedchen d‘Police gesinn huet, wier hat mat Messeren op si duergaangen.