Krich am Noen Osten

Pëtrolspräisser klamme rëm op iwwer 100 Dollar pro Barrel

De Präis fir ee Barrel Brent, den europäesche Referenzwäert fir réien Ueleg, ass haut op iwwer 100 Dollar geklommen. Ufank Juli hat de Präis nach bei ronn 70 Dollar geleeën.

auto_stories

1 min

Tankstell  | ©  EPA/ANNA SZILAGYI
Tankstell (Foto: EPA/ANNA SZILAGYI)

Als Grond gëllt déi nei Eskalatioun am Krich tëschent den USA an dem Iran.

Nieft weideren US-Loftattacken op Ziler am Iran hunn déi vun Teheran ënnerstëtzt Houthi-Rebellen erkläert, si hätten zwee saudesch Uelegtankeren am Roude Mier ugegraff.

Suergen ëm d'Uelegversuergung

De Marché fäert, datt de Konflikt en Impakt op d'Uelegversuergung an der Regioun kéint hunn

Dës Onsécherheet dreift d'Präisser um Uelegmaart weider an d'Luucht.