Pensiounen

Pensiounskeess iwwerhëlt Ausbezuele vun der progressiver Pensioun

D’Haaptinterpretatiounsschwieregkeeten déi, déi nei Pensiounsreform bei der Ëmsetzung opgeworf huet, schéngen elo gekläert ze sinn. Dat huet de President vun der Pensiounskeess CNAP  Alain Reuter an der parlamentarescher Sozialkommissioun erkläert.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

Pensioun | © Bigstock play_arrow
Pensioun (Foto: Bigstock)

D’Gewerkschaften haten d’Fro opgeworf wéi ee Cotisatiounssaz misst applizéiert ginn, wann ee verschidde Periode wëllt zréckkafen. Deen Taux ass jo dëst Joer ëm een hallwe Prozentpunkt gehéicht ginn. De Code de la sécurité sociale präziséiert datt ee beim Réckkaf vu Cotisatiounen deen aktuellen Taux misst applizéieren, esou den Alain Reuter.

Gekläert gouf och, wien déi nei progressiv Pensioun misst ausbezuelen, huet den Alain Reuter President vun der CNAP erkläert.

"Da géif d'CNAP déi indemnité de pension progressive direkt un den Assuré, dat heescht deen Deel, wou d'Aarbechtszäit reduzéiert gëtt, dee Pourcentage vun enger PVA un den Assuré selwer kënne bezuelen. Dat heescht de Salaire gëtt reduzéiert, well déi Persoun 25 Prozent manner schafft."

25 Prozent vun enger Pension de vieillesse anticipée géifen da vun der Pensiounskeess direkt un den Assuré ausbezuelt ginn, esou nach den Alain Reuter. Bis ewell goufen 30 Demande fir eng progressiv Pensioun eragereecht.

Simulator fir de Rentenalter erauszefannen

D’CSV-Sozialministesch Martine Deprez huet iwwerdeems ugekënnegt datt um Internetsite schwaetzmat.lu ee Simulator online ass, iwwert deen ee kann seng Donnéeën eraginn, fir erauszefanne vu wéini un ee kann an d’Pensioun goen.

 

Lauschterenplay_arrow