Et ginn nëmmen zwou Situatiounen, an deenen et a Polen et erlaabt ass, ofzedreiwen: Wann d'Schwangerschaft wéinst engem Gewaltakt, also wéinst enger Vergewaltegung, entstanen ass, oder wann eng direkt Liewensgefor fir d'Mamm besteet.
Informatioune ginn entkriminaliséiert
Bis 2020 war et a Polen erlaabt wéinst der Deformatioun vun engem Fötus ofzedreiwen. Dat gouf viru sechs Joer awer vum Verfassungsgeriicht gekippt an eben elo nees agefouert.
An enger zweeter Etapp soll awer och d'Méiglechkeet, iwwer Ofdreiwung ze informéieren, entkriminaliséiert ginn. Bis ewell konnte Fraen, esouguer wann et per Gesetz erlaabt war ofzedreiwen, well ee se vergewaltegt huet, trotzdem keng Berodung kréien, well d'Beroden iwwer Ofdreiwung illegal war.
Als grousse Fortschrëtt gëtt dës Ännerung awer net ugesinn - ëmmerhin kënnt een domat zeréck op de Status Quo, deen op Gesetzer aus den 90er Jore baséiert.
Text vum Adrien Sarlat