Dat huet den DP-Ausseminister Xavier Bettel am spéide Moien iwwer Audio-Message matgedeelt, ouni méi konkreet Detailer ze nennen. Een Interview mat him war net méiglech.
Firwat de Gesetzprojet, deen nach net public ass, senger Usiicht no néideg war, erkläert de Xavier Bettel am Message esou:
"Ech akzeptéieren net, datt Produiten, déi op enger illegaler Aart a Weis - ech wëll net soe geklaut gi sinn - awer d'Territoiren, déi net hir sinn, occupéiert ginn an dat och nach ënnerstëtzt. Dat geet net."
Symbolik hätt säi Wäert
Och wann den Echange kleng wier, a vill Leit mengen et géif ëm Symbolik goen, kéint och Symbolik ee Wäert hunn, esou den Ausseminister.
"Hei ass keng Mesure, déi géint Israel ass. Et ass eng Mesure géint Siidler, géint occupéiert Territoiren a géint Leit, déi sech einfach all internationaalt Recht och dat net wëlle respektéieren. An do kann een net einfach d'Aen zoumaachen."
Elo misst de Gesetzesprojet nach duerch d'Chamber goen.
Nom CSV-Premier Luc Frieden huet sech och den CSV-Fraktiounschef Laurent Zeimet hanner e Gesetztext gestallt. Am 100,7-Interview sot de Laurent Zeimet de Moien, datt hie sech schonn zejoert fir geziilte Moossnamen ausgeschwat hätt. Mat Sanktioune géint Produiten aus de besate Palästinensergebidder an aus Siidlungen, déi kee legale Statut hätten, kéint ee sech ufrënnen.
Text ass wuel méi allgemeng
Dem CSV-Fraktiounspresident no huet dësen Text wuel och eng méi allgemeng Ausriichtung a wäert sech also net nëmmen op d’Palästinensergebidder limitéieren. De Laurent Zeimet huet awer nach ze bedenke ginn, datt esou Mesurë konform zum EU-Recht misste sinn.
Déi ganz Regierung géif hanner dem Gesetzprojet iwwer een Importverbuet vu Produiten aus den illegalen israeelesche Siidlungen stoen, sot gëschter de Premier Luc Frieden um Bord vum EU-Sommet zu Bréissel.
Lauschtert hei dee ganzen Interview mam CSV-Fraktiounschef