Déi meescht Affer – méi wéi 200 Doudeger – hätt et an der Biergregioun Khyber Pakhtunkwha, am Nordweste vum Pakistan, ginn.
Zënter ugangs Juni reent et staark an der Regioun. De Monsun-Reen, deen et an dëser Joreszäit ëmmer an där Regioun gëtt, géif duerch déi vu Mënsche verursaachten Äerderwäermung méi staark ginn, a méi laang daueren, soe Klimatologen.