Bëschbränn

Nei Bränn a Südwestfrankräich - Touristebranche wëllt awer, datt weiderhi Leit kommen

Zënter enger Woch brennt et am franséischen Departement Gironde bei Bordeaux. Gëschter hat et geheescht, d'Feier wier stabiliséiert, mee et koum ëmmer nees zu neie Bränn an der Géigend. D'Wiederprevisioune fir haut loossen och wéineg Hoffnung op eng Verbesserung. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© EPA/SOPHIE GARCIA play_arrow
(Foto: EPA/SOPHIE GARCIA)

Op sëllege Plazen, déi eigentlech ënner Kontroll waren, ass d’Feier gëschter nees entflaamt. Iwwer 42.000 Hektar sinn de Flame schonn zum Affer gefall an et gesäit de Moment net esou aus, wéi wann een d’Feier séier an de Grëff géif kréien. 

Haut sinn d’Wiederkonditiounen nämlech besonnesch ongënschteg, mat plazeweis bis zu 41 Grad Hëtzt a staarkem Wand. Net nëmmen d’Flame selwer stellen e grousse Risiko fir d’Regioun duer, mee och de gëftegen Damp, deen dobäi entsteet. 

Net nëmmen d'Feier eleng mécht Suergen

An den Departementer Gironde, Landes a Lot-et-Garonne gëllt déi héchst Warnstuf wéinst der Loftverschmotzung. D’Gesondheetsministesch Stéphanie Rist hat d’Bevëlkerung gëschter op franceinfo opgefuerdert, doheem ze bleiwen, fir dës gëfteg Partikelen net anzeootmen.

D’Pompjeeë kréien haut weider Ënnerstëtzung am Kampf géint d’Feier. D’EU hat gëschter nach weider Läschfligeren an Helikopteren a Frankräich geschéckt.

Tourismusbranche wëllt kee Stopp vun Touristen

Iwwerdeems maache sech vill Betriber aus der Tourismusbranche Suergen ëm hir finanziell Situatioun. E Sonndeg hat d’Prefektin vum Departement d’Touristen opgeruff, net an d’Regioun ze kommen. Vill Betriber aus der Branche soen de Medie géigeniwwer awer, datt si grad elo op Ënnerstëtzung ugewise wieren. 

Si weisen drop hin, datt net all Géigend am Departement vum Feier betraff ass. Well d’Feier nach Wochen oder souguer Méint kéint daueren, fäerte vill Betriber enorm wirtschaftlech Repercussiounen a fuerderen Hëllef vum Staat.

Lauschterenplay_arrow