Informatioune vun der UNO no, wieren am Krich 82 Prozent vun alle Gebaier an der Gazasträif zerstéiert oder beschiedegt ginn.
Et gëtt geschat, datt ënner den Iwwerreschter nach bis zu 14.000 Doudeger kéinte leien.
Nëmmen e klengen Deel vun den iwwer 60 Milliounen Tonnen Iwwerreschter wiere geraumt ginn.
Ausléiser vum leschte Krich an der Gazasträif war d’Massaker vun der Hamas a vun aneren extremistesche Gruppen de 7. Oktober 2023.