Ausser am Transport wieren a bal alle Secteuren d’Klimaziler net erreecht ginn.
Sou gesi wier et also reng dem Réckgang vum Tanktourismus ze verdanken, datt d’Regierung formell vun engem positive Gesamtbilan vun den CO2-Emissioune schwätze kéint, esou d’Blanche Weber vum Mouvement écologique.
"En totalen Echec"
Am Bau géifen d'CO2-Emissioune souguer nees klammen, och an der Industrie, an der Landwirtschaft an an der Offallgestioun géif d’Reduktioun vun den CO2-Emissiounen net séier genuch viru goen. De Mouvement écologique schwätzt dofir vun engem ganzen Echec vun der aktueller Klimapolitik.
“Klimaschutz heescht jo, dass an all Secteur musse mer erauskommen aus dem CO2. An all Secteur. An net nëmmen an engem. An do ass déi Transitioun, déi Trendwenden, déi mer bräichten, fir dass mer an all Beräich manner ausstoussen, dat ass en totalen Echec zu Lëtzebuerg."
Et géif u konkrete Mesurë feelen, fir d’Emissiounen an alle Secteur geziilt ze reduzéieren. Prioritär missten an hiren Aen ënner anerem d'Ënnerstëtzunge fir d'energeetesch Transitioun sozial méi gerecht gestalt an de Wiessel op klimafrëndlech Heizsystemer acceleréiert ginn, esou d’Blanche Weber.
D'Blanche Weber fuerdert méi Ambitiounen
Dem Mouvement écologique feelt et un enger méi ambitiéiser Klimapolitik.
“Et ass dee Message, et ass dee Wiessel am Kapp an déi Bereetschaft, grondsätzlech Reformen an d'Wee ze leeden, dat wär eigentlech dat Wichtegst, wat mer am Ablack vun der Regierung brauchen. An op alle Fall net an där ganzer Phas och nach Decisiounen, déi d'Rad erëm zréckdréine géifen.”
Aneschters géif de Grand-Duché riskéieren, seng mëttel- a laangfristeg Klimaziler däitlech ze verfeelen, esou d’Kritik vun der Blanche Weber.