Chamber

Et gëtt kee Gesellschaftsdéngscht agefouert an de Militärdéngscht bleift fräiwëlleg

Duerch zwou Motiounen vun deene Gréngen an der LSAP huet d'Chamber gëschter iwwer d'Arméi diskutéiert. D'Liz Braz vun der LSAP hat eng Motioun agereecht, fir een neie fräiwëllege Gesellschaftsdéngscht anzeféieren.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Chambre des Députés play_arrow
(Foto: Chambre des Députés)

Esou ee fräiwëllege Gesellschaftsdéngscht kéint d'Bierger:innen dozou motivéieren, mat hire Kompetenzen zu der nationaler Resilienz bäizedroen, esou d'LSAP-Deputéiert. 

Eege Kompetenze fir d'Sécherheet vum Land

D'Covid-Pandemie hätt gewisen, datt et an der Populatioun vill Kompetenzen a Motivatioun gëtt fir Aneren ze hëllefen, seet d'Liz Braz. 

"Net jidderee muss Zaldot ginn, fir eppes fir d'Sécherheet vun eisem Land ze maachen, mee jidderee soll d‘Méiglechkeet hunn, sech op seng Manéier fir d‘Allgemengheet kënnen anzebréngen."

D‘Motioun fir e fräiwëllegen Zivildéngscht gouf awer ofgeleent, mat 37 Nee-, géintiwwer 21 Jo-Stëmmen an zwou Enthalungen.

Fir Diskussiounen huet dunn awer nach der Liz Braz hir anere Fuerderung an der Motioun gesuergt. Nämlech, datt de Militärdéngscht fräiwëlleg soll bleiwen.

"Eng Arméi vu Fräiwëllegen"

De Piraten-Deputéierte Marc Goergen huet gemengt, d‘Verteidegungsministesch géif een Nees-Aféiere vum obligatoresche Militärdéngscht net ausschléissen. 

"Et gëtt esou e Site, dee kennt Dir bestëmmt, en heescht gouvernement.lu. Do steet grouss 'Yuriko Backes, Diskussioun iwwer d'Wehrpflicht wäert kommen'."

D‘Verteidegungsministesch huet reagéiert a kloergestallt: 

"Datt ënner dëser Regierung eis Arméi wäert eng Arméi vu Fräiwëllege bleiwen."

Eng Diskussioun wier och keng Decisioun, esou nach d‘Yuriko Backes, an déi do Diskussioun wier schonn an all Land an Europa gelaf. 

"Ech sinn och ganz frou, datt deen Debat hei stattfonnt huet."

Eng weider Motioun, vun der grénger Deputéierter Sam Tanson, fir de Statut vum fräiwëllegen Zaldot weider ze moderniséieren, gouf och an der Chamber ofgeleent. Mam Argument, datt rezent scho vill Mesurë geholl gi wieren, fir d‘Arméi méi attraktiv ze maachen a méi Leit fir d’Arméi ze rekrutéieren.

Lauschterenplay_arrow