Fussball Nations League

Méi schlecht kann d'Ausgangslag net sinn. Wat mécht Hoffnung géint Bulgarien?

No zwou Néierlage géint Island an Estland an der Nations League ass d'Stëmmung bei de Roude Léiwen op engem Déifpunkt. D'Härennationalekipp ass mat Verletzungspech geplot an d'Leeschtungen hunn - mat Ausnam vun der 2:1 Victoire géint Bulgarien - net gestëmmt.

auto_stories

4 min

headphones

7 min

© picture alliance / NurPhoto | Alex Nicodim play_arrow
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Alex Nicodim)

Um 20:45 Auer den Owend spillt d'Fussballnationalekipp vun den Hären hire véierte Match bannent zéng Deeg. Et geet nees géint Bulgarien. Dës Kéier am Stade Luxembourg. Dat ass dee Géigner, géint deen dës Campagne an der Nations League nach esou gutt ugefaangen huet, nämlech mat enger 2:1 Victoire.

Dee Succès huet natierlech net dozou geféiert, datt d'Erwaardunge méi kleng gi wieren. Am Géigendeel: D'Ekipp hat selwer grouss Ambitiounen, mee zéng Deeg an zwou Néierlagen drop ass d'Lëtzebuerger Fussballwelt nees eng aner. 

Véier Matcher bannent zwou Woche briechen de Roude Léiwen d'Genéck

Am Virfeld vun dëser Lännerspillpaus ass jo vill driwwer diskutéiert ginn, ob véier Matcher bannent zwou Woche gutt, oder éischter schlecht sinn. Den Nationaltrainer Jeff Strasser huet seng Meenung elo gemaach.

Dat grousst Verletzungspech mécht de Roude Léiwen e Stréch duerch d’Rechnung. Scho virum éischte Match hunn de Seid Korac an de Christopher Martins gefeelt. De Mathias Olesen war ugeschlo.

Elo hu sech an de leschte Matcher souwuel den Danel Sinani, wéi och de Kapitän Laurent Jans verletzt.

Géint Estland huet och de Leandro Barreiro wéinst Réckeproblemer gefeelt. Du krut hien op der Bänk nach déi giel Kaart gewisen a feelt elo och fir de Réckmatch géint Bulgarien.

Am Match géint Island huet de Laurent Jans sech verletzt. | © picture alliance / NurPhoto | Alex Nicodim
Am Match géint Island huet de Laurent Jans sech verletzt. (Foto: picture alliance / NurPhoto | Alex Nicodim)

Um personelle Plang kéint et "méi schlëmm" bal net sinn

Fir den 100,7-Expert Roland Schaack weist dës Situatioun, datt Lëtzebuerg an der Breet qualitativ nach net gutt genuch opgestallt ass.

“Et weist sech, datt mir gréisser Ausfäll net esou gutt kënne kompenséieren, wéi vläicht aner grouss Länner dat kënnen. Also souwuel de Match géint Island, wéi och de Match géint Estland hunn och gréisser Lacunne bei eiser Ekipp gewisen. Och Spiller, déi net wierklech fit wierken, déi vläicht net déi Spillpraxis hunn, déi vläicht och vu Verletzunge kommen. Op déi muss zréckgegraff ginn, well de Reservoir eeben net esou grouss ass.”

D’Resultat ass eng relativ zesummegewierfelt Ekipp, wou ganz onerfuere Spiller deels puer Matcher um Stéck musse spillen. Méi schlëmm kéint et um personelle Plang bal net kommen, mengt de Roland Schaack.

Gëtt et Grond zur Hoffnung?

Et géing ee mierken, datt den Nationaltrainer Jeff Strasser probéiert, dat Positiivt am Ganzen ze gesinn. Ëmmerhi kréien esou jonk Spiller d’Méiglechkeet, sech ze beweisen.

Dat huet och den Anthony Moris nom leschte Match ënnerstrach: Esou Matcher kënnen eng ganz Karriär nei lancéieren.

E klenge Liichtbléck gëtt et dann awer och: Dat sinn déi lescht 25 Minutte géint Estland. D'Ekipp huet sech net opginn an huet alles probéiert fir nach den Ausgläich ze markéieren. Mat engem Schoss vum Timothé Rupil war een och eemol ganz no drun.

Net vergiessen ass dem Roland Schaack no och, datt d’Bulgaren och dräi Matcher an de Knachen hunn an deemno och midd sinn.

Kritik muss sech d'Ekipp gefale loossen

An trotzdeem muss een och Léieren aus de leschte Matcher zéien. Defensiv Feeler an eng Ongeféierlechkeet an der Offensiv: Esou loosse sech d’Optrëtter géint Island an Estland resüméieren. Do dierf een d’Schold och net bei deene jonke siche goen.

“Och d'Titulairen, déi elo déi lescht 15 Matcher gespillt hunn, hunn net op deem Level gespillt, wéi een dat vun hinne gewinnt ass, weeder an der Defensiv, nach an der Offensiv. An der Offensiv hu mir elo ganz, ganz jonk Leit, 17 Joer, 19 Joer. Vun deene kann een net onbedéngt erwaarden, datt si op deem Level véier gutt Matcher maachen.”

Datt de Jeff Strasser sech awer bis elo viru seng Ekipp gestallt huet wier normal, an och gutt esou, mengt den 100,7-Expert. Esou kann een Drock vun de jonke Spiller huelen.

En enttäuschten Nationaltrainer Jeff Strasser. | © picture alliance / NurPhoto | Alex Nicodim
En enttäuschten Nationaltrainer Jeff Strasser. (Foto: picture alliance / NurPhoto | Alex Nicodim)

Angscht virun der leschter Tabelleplaz

Am leschte Match géint Bulgarien op d’mannst ee Punkt matzehuele wier wichteg, fir net op déi lescht Tabelleplaz ze rutschen. Zur Erënnerung: d’Bulgaren hu bis elo ee Punkt. Dat war een 0:0 géint Estland. Géint Island gouf et eng 3:0 Defaite.

Dës Situatioun géing eemol méi beweisen, wéi séier sech d’Blat am Fussball dréine kann, seet de Roland Schaack.

“Ee Moment ass vun der éischter Plaz geschwat ginn, Elo ass vläicht souguer d'Angscht vun der véierter Plaz.”

Um 20:45 ass Ustouss am Stade de Luxembourg. Parallel spillt am selwechte Grupp Estland géint Island. D'Retourmatcher géint Estland an Island si Mëtt November.

Lauschterenplay_arrow