No EKABE-Annonce

Marco Koeune: Grouss Konzerner kucken déi eegen Zuelen, den eenzelne Bauer wier egal

No der Annonce vum franséischen EKABE Proprietär Lactalis, vun Abrëll nächst Joer u keng Lëtzebuerger Mëllech ze verschaffen, ass d‘Zukunft vun 68 Lëtzebuerger Mëllechbetriber ongewëss. De Marco Koeune sot, dat Beispill géif däitlech weisen, wéi ofhängeg d’Baueren vu grousse Konzerner wieren.

auto_stories

2 min

Déi grouss Konzerner géifen hir eegen Zuele kucken, an deene wier den eenzelne Bauer egal, seet de President vun der Bauerenallianz, de Marco Koeune am 100,7-Interview. 

"Do gëtt awer net d'Rechnung vum Bauer gekuckt, De Bauer, deen iwwer Jore ganz vill Investitioune gemaach huet, déi am Milliouneberäich sinn, wou de Bauerebetrib selwer mat sengem Eegekapital muss riicht stoen, dat intresséiert do wéineger." 

De Kontrakt mat de Mëllechbauere leeft elo nëmmen nach bis Abrëll d'nächst Joer. Léisunge fir déi 68 betraffe Baueren ze fannen, wier net einfach. D'Luxlait huet Hëllefsbereetschaft ugekënnegt, mee et wier schwéier, déi 50 Millioune Kilo Mëllech opzehuelen, déi bis elo un EKABE/Lactalis geaange sinn. 

Méi Genossenschaften als méiglech Léisung

Eng Méiglechkeet wier et, d'Produktioun méi ze diversifizéieren oder de Genossenschaftswiese weider ze stäerken, esou de Marco Koeune. 

"Do ass et nämlech net esou einfach muer vun engem anere geschléckt ze ginn. Dat muss och sinn, datt do och Membere kënnen e Wuert matschwätzen. An en plus hu mer eng Rei Erausfuerderungen, déi mer jo och musse begéinen. Grad am Klima, wou jo och Ammoniakreduzéierunge mussen hikréien. Och do ass elo ee Wee ze fannen, deen déi zwou Saachen ënner een Hutt kritt." 

Manner Mëllech ze produzéieren, wier och am Sënn vum Klimaschutz. Dat wier awer schwiereg, well dann eng ganz Rei Betriber missten ophalen, esou nach de President vun der Bauerenallianz. 

Ministesch krut selwer eréischt den 28. Mee de Bescheed

Haut gesi sech iwwerdeems d'EKABE-Bauere fir eng Krisesëtzung mat der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen. Si hat awer schonn am Virfeld gesot, datt de Spillraum vum Staat net all ze grouss wier. 

An enger parlamentarescher Äntwert schreift d'Ministesch, datt Lactalis si selwer och eréischt den 28. Mee vum Grupp informéiert gi wieren, datt si de Kontrakt net méi géifen erneieren. Lëtzebuerger Produzenten hunn 10 bis 15 Prozent vun der gesamter Mëllechprduktioun u Lactalis geliwwert. 

Um Site zu Eescheler bei Jonglënster géifen donieft och nach 40 Millioune Kilo Mëllech aus dem Ausland pasteuriséiert a konzentréiert ginn. Déi industriell a logistesch Aktivitéite sollen um Site zu Eescheler bäibehale ginn. An d'Mark EKABE soll och weidergefouert ginn, awer ouni Lëtzebuerger Mëllech. 

Lauschtert hei dee ganzen Interview mam President vun der Bauerenallianz