Educatioun

Mam "Skillstruck" sollen d'Schüler véier verschidden Handwierksberuffer kenneléieren

Zënter der Rentrée fueren dräi grouss Camione bei d’Lyceeën uechter d’Land an erméiglechen et de Schüler:inne fir verschidden Handwierksberuffer kennenzeléieren. Gëschter hat den Educatiounsministère eng Visitt vum Camion organiséiert, deen den Ament um Campus Geesseknäppche steet.

auto_stories

2 min

© MENEJ
(Foto: MENEJ)

Vu Camion kann ee bal net méi schwätzen. Dat blo-giel gefierfte Gefier ka komplett ausernee gefuer ginn an ergëtt dann e ganzen Atelier mat Plaz fir 10 Wierkbänken, grousse Buerer a Schweessbänk.

Et héiert een et: Et gëtt gehummert, gebuert a gehuwwelt. An dësem Skillstruck ginn nämlech déi Beruffer gewisen, déi mat Holz a Metall ze dinn hunn.

Op déi Plaze goen, wou d'Handwierk net present ass

10 Schüler:inne vun enger 4e Classique aus dem Lycée Michel Rodange hunn d’Handwierk als Optioun gewielt. Ee Beruffsfeld, mat deem ee soss am Classique net vill Beréierungspunkten huet. Grad dat wier d’Zil, erkläert den Educatiounsminister Claude Meisch.

"Mir wëlle grad op déi Plaze goen, wou eigentlech d'Handwierk net esou present war. An eenzelne Lycéeën hu mir Atelieren, do kann dat ganz gutt organiséiert ginn." 

Um Geesseknäppchen ginn et fir déi 6.000 Schüler:inne keng Atelieren. 

"Vläicht ass deen een oder aneren dobäi, deen do seng Vocatioun fënnt an deen dann duerno eng Léier vun Ufank u wëllt maachen. Oder deen no der Première nach eng Léier wëllt maachen, wat ëmmer méi attraktiv a beléift gëtt." 

Et ginn insgesamt dräi där Skillstrucks. An deenen zwee anere ginn d’Kachen an d’Pâtisserie, souwéi d’Beruffer aus dem Ästhetik-Secteur, beispillsweis de Coiffeur, deene Jonke méi no bruecht.

Sechs Beräich fir 400 Schüler:innen an engem Joer

Nieft dem Forum Geesseknäppche si se beim Dikrecher Lycée an zu Esch-Lalleng stationéiert a rotéiere pro Trimester eemol, esou datt um Enn vum Joer 400 Schüler:innen aus den dräi Lyceeën déi sechs Beräicher sollte kennegeléiert hunn.

"Mir hunn immens motivéiert Meeschteren. Déi hunn dacks och eng Beruffserfarung selwer an Entreprisë gemaach. A wéi de Meeschter esou dacks dat mécht, e ka ganz vill Technesches weiderginn, mee och seng Passioun fir de Beruff vermëttelen an och e Stéck Traditioun vun de Beruffer wierklech kënne liewen."

D'Motivatioun souwuel bei de Schüler:innen, wéi och bei de Meeschteren ass grouss. 

Lauschtert hei dee ganze Bäitrag