Bëschbränn

Lëtzebuerg schéckt ee Läschfliger a 15 Pompjeeën an d'Gironde

Och Lëtzebuerg hëlleft Frankräich beim Feier an der Gironde. E Läschfliger vun Aquarius Aerial Firefighting, eng Filial vun der Cargolux, gëtt an d‘Gironde geschéckt. Dat am Kader vum europäesche Zivil-Schutz Mechanismus, esou d‘Regierung an engem Schreiwes.

auto_stories

1 min

© EPA/SDIS33/BENOIT VEGA
(Foto: EPA/SDIS33/BENOIT VEGA)

Parallel dozou ginn och 15 Pompjeeë vum CGDIS an eng franséisch Pompjees-Unitéit vum Departement Moselle integréiert fir bei de Läschaarbechte vun de Bëschfeieren a Frankräich ze hëllefen.

Wéinst Hëtztwell bleift Situatioun ugespaant

D‘Bëschfeier bei Bordeaux ass nach net aus. Et huet sech net méi signifikativ ausgebreet, mee plazeweis ass d‘Feier nees opgeflaamt. Wéinst enger neier Hëtztwell, mat Temperature bis zu 41 Grad, bleift d‘Situatioun ganz ugespaant. Wéinst dem Feier huet d‘Loftqualitéit an der Regioun an zu Bordeaux sech verschlechtert.

D‘Regierung liwwert elo méi wéi fënnef Millioune Masken an d‘Gironde, huet d‘Gesondheetsministerin Stéphanie Rist de Mëtteg annoncéiert. Am Departement Var konnten d‘Leit heem goen, nodeems d‘Feier do als fixéiert deklaréiert gouf.

Och a Spuenie kënnen Dausenden Awunner:innen, déi an der Provënz Avila net wäit vu Madrid evakuéiert goufen, nees heem goen. Wéinst eng neier Hëtztwell och a Spuenie gëtt awer gefaart, datt d‘Feieren nees ugoen oder neier ausbrieche kéinten.