An der Gesetzespropos fuerdere si ënnert anerem ee komplette Waffenembargo géint Israel, een Import- a Verkafsverbuet vu Produiten aus israeelesche Siidlungen an de besate palästinensesche Gebidder an een nationale Kader fir autonom Sanktioune géint Israel, wann dat op EU an UNO-Niveau net méiglech wier.
Lëtzebuerg misst elo konkret handelen, soss géif een sech "um Genozid matschëlleg maachen", esou den LSAP-Deputéierte Franz Fayot.
"Mir sinn natierlech scho laang net méi am Zenario vun der Defense, déi ee vläicht nach an enger éischter Phas nom 7. Oktober konnt invoquéieren. Hei si mer natierlech elo scho säit längerer Zäit an engem Zenario vun engem Krich à outrance, vun engem nettoyage éthnique."
Dofir misst och den Import vu Wueren aus Israel méi staark limitéiert ginn, fënnt de Sozialist.
"Mir hunn 2025 de Staat Palästina unerkannt an et ass also am Fong nëmmen eng logesch Konsequenz, dass mer da kee Commerce bedreiwe mat Kolonien, déi illegal op sengem Territoire fonctionéieren."
Lëtzebuerg misst selwer Sanktioune beschléisse kënnen
Wann d’EU an d’UN sech net op Sanktiounen eenege kënnen, da sollt dat Lëtzebuerg och net dovun ofhalen der selwer ze beschléissen, esou d’Sam Tanson vun déi gréng.
"Wa verschidde ganz kloer Konditiounen erfëllt sinn, wéi national Sécherheet, de Friddenserhalt, wa schwéier Violatioune géint d’Droit humain oder internationaalt Recht virleien oder wann et wierklech drëms geet, den État de droit ze ënnerstëtzen an et natierlech verhältnisméisseg ass, dass dann och Lëtzebuerg kann esou national Sanktioune schwätzen."
Méi Muecht fir d'CSSF?
D’Gesetzespropos gesäit och méi Pouvoir fir d'CSSF vir. D’Finanzopsiicht hat jo am September zejoert de Prospekt vun israeelesche Staatsobligatiounen, de sougenannten Israel Bonds, autoriséiert. Enn August sinn d’Israel Bonds ofgelaf a goufen net verlängert. Dofir ginn et awer nach keng kloer Richtlinnen. Dozou den David Wagner vun déi Lénk:
"Dofir wollte mir och fir eng gewësse Klarifikatioun suergen an dann eng Proposition de loi maachen, déi der CSSF dofir de Pouvoir gëtt fir ze refuséieren."
Déi dräi Oppositiounsparteie kritiséieren iwwerdeems, datt den DP-Ausseminister Xavier Bettel sech zwar géint d’Besetzung vu Palästina duerch Israel géif positionéieren, et sech heibäi awer just "ëm eidel Wierder géif handelen".