Den ZLS hätt mat Microsoft zesummegeschafft a wéilt och mat an Zukunft mat Apple kooperéiere fir d’Autokorrektur an hire Programmer ze verbesseren.
Den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch ass dëst Joer fir déi zweete Kéier an dat parallel zum europäeschen Dag vun de Sproochen. Beim Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch solle Mënschen onofhängeg vun hire Sproochkenntnisser vum Lëtzebuergesche begeeschtert ginn.
Kaweechelchen als Symbol fir Leit déi Lëtzebuergesch léieren
Dofir huet de Kulturministère eng Publicitéitscampagne lancéiert. Am Zentrum steet e Kaweechelchen dat mat Hëllef vu kënstlecher Intelligenz kreéiert gouf. Et wier nämlech d’Liblingsdéier vu ville Leit déi Lëtzebuergesch léieren, esou den DP-Kulturminister Eric Thill.
Dee begrënnt dat domat, datt souwuel d’Schreifweis wéi och d’Aussproch vum Wuert "Kaweechelchen" witzeg wieren.