D’Union des Entreprises Luxembourgeoises wäert ënner anerem duerch hire President, de Marc Lauer, am Comité de suivi tripartite deelhuelen.
Gewerkschaften hunn eng kloer Fuerderung. Wat seet d’UEL dozou?
Am Comité de suivi tripartite iwwerpréiwen d'Regierung, d'Gewerkschaften an d'Patronat, ob d'Mesuren aus dem Tripartite-Accord gräifen an ob weider Schrëtt néideg sinn. Déi dräi Partië ware sech am Juni iwwer de sougenannte Resilienzpak an Héicht vu 450 Milliounen Euro eens ginn.
D'Gewerkschafte gi mat enger klorer Fuerderung haut an d'Reunioun vum Comité de suivi tripartite. Si verlaange weider finanziell Entlaaschtunge fir d'Leit, wann déi aktuell staatlech Energie-Hëllefen Enn Dezember auslafen.
Inflatioun bremsen an Indextranchë limitéieren
D’UEL huet een Zil virun Aen: D’Inflatioun muss gebremst ginn. Dat ënnersträicht de Marc Lauer am 100,7-Interview. Dobäi ass et dem Patronatsverband wichteg, datt et bei enger Indextranche pro Joer bleift.
“Der UEL hiert Zil war et ëmmer, datt mir net méi wéi eng Indextranche am Joer géinge kréien. Déi nei ass am Juni gefall. Wa mir lo soen, déi nächst kënnt am Februar, Mäerz, da kann et ganz schwéier gi fir d’Entreprisen.”
Am 100,7-Interview huet de STATEC-Direkter Tom Haas eng Indextranche am éischten Trimester vun 2027 net ausgeschloss.
Lounkäschte kéinten ëm bal 8 Prozent klammen
Firwat wëllt d’UEL d’Zuel vun Indextranchen iwwerhaapt limitéieren? De Marc Lauer erkläert: Am Januar ginn d’Mindestléin erhéicht. Och d’Côtisation patronale fir d’Pensiounskeess geet ëm 0,5 Prozent erop. Muer steet dann eng Quadripartite un, wou eng Cotisatiounserhéijung bei der Krankekeess am Raum steet, wou een Deel och duerch d’Entreprisë gedroe gëtt.
Rechent een eng weider Indextranche – nieft där vun dësem Joer – dobäi, da kënnt een op eng Hausse vu ronn 8 Prozent bei de Lounkäschten. Dat kéinten déi meescht Entreprisen net einfach esou fortstiechen, betount den UEL-President.
Verlängerung vun de Mesurë wier e logesche Schrëtt, mengt de Marc Lauer
D’UEL erwaart sech elo vun der Regierung, datt si “Fakten op den Dësch” leet, fir datt ee kéint kucken, “wou d’Rees higeet”, seet de Marc Lauer.
“Bis elo war den Inflatiounsdreiwer haaptsächlech d’Energie an deelweis den Dünger. Et fänkt awer lo un och op den normale Produiten ze kommen. (...) Do musse mir eis d’Fro stellen, komme mir an eng Spiral wou mir all puer Méint mussen eng Indextranche kréien? Dat gëtt relativ schwiereg.”
Wann nach Moyene do wieren, fir d’Spiral ze bremsen, da sollt een dat maachen, seet de Marc Lauer. Hie mengt och, datt et logesch wier, d’Mesuren aus dem leschte Summer ze verlängeren. Wann déi nämlech fortfalen, da wier dat e weideren Inflatiounsdreiwer.
Um Enn vum Dag misst een awer och d’Zuele vum STATEC ofwaarden.
“Mir spekuléieren alleguer. Mir hunn alleguer d’Impressioun, och den OGBL an d’Madamm Back, datt mir an enger Inflatiounssituatioun dra sinn. Mir deelen déi Meenung.”
Oppe fir längerfristeg Solutiounen, déi net d'fossil Energie betreffen
Mee ass et de richtege Wee, d’Subventioune grad op fossillen Energien ze verlängeren?
De Marc Lauer erënnert drun, datt een am leschte Juni no kuerzfristege Léisunge gesicht hätt, well ee vun engem kuerzfristege Problem ausgaangen ass.
De Krich am Iran an déi blockéiert Strooss vun Hormus hu sech awer als laangfristeg Situatiounen entpuppt.
Hie weess awer och, datt ee sech längerfristeg an enger Energietransitioun befënnt. Dofir ass de Marc Lauer der Meenung, datt wann een d’Inflatioun mat anere Moyene ugoe ka wéi Subventiounen op de fossillen Energien, datt een dat och maache sollt.
Präishaussë gi "fréier oder spéider" un d'Leit viruginn
Intressant ze gesi wäert och sinn, ob sech Patronat a Gewerkschaften op den Haaptpunkten eens ginn. Am Virfeld ass dat schwéier ze soen. Kloer ass just, datt et aner Virstellunge gëtt wat den Indexmechanismus ugeet.
D’Gewerkschafte wëllen den Index onbedéngt bäibehalen. Dat wier och hiert gutt Recht, betount de Marc Lauer.
D’UEL wier méi “flexibel” a wéilt – wéi scho gesot – den Index op eng Tranche pro Joer limitéieren.
Den UEL-President erënnert drun, datt eng Indextranche eng Kompensatioun vun der Kafkraaft ass, déi duerch d’Inflatioun verluer geet, an d’Leit net méi räich mécht.
“Wat d’Inflatioun méi schnell ropgeet, wat d’Kompensatioun méi schnell kënnt, mee dat heescht nach ëmmer, datt d’Saache méi deier ginn. A mir mussen eis näischt virmaachen: Ech hunn Iech gesot, wéi eng Käschten op d’Entreprisen duerkommen. Fréier oder spéider ginn déi un d’Leit viru ginn. Da si mir an enger richteger Spiral vun der Inflatioun.”
Virum Suivi vun der Tripartite wéilt de Marc Lauer d’Diskussioun ronderëm den Index awer net ze grouss opmaachen. Dat wier net säi Stil fir virun Entrevuë rout Linnen an der Ëffentlechkeet ze zéien. Hie mengt awer, datt sech d’Sozialpartner op engem Punkt eens sinn: Ouni Inflatioun léisst et sech besser liewen.