EU

Kampfjet FCAS: Milliardeschwéieren europäesche Projet wäert weider gefouert ginn

De milliardeschwéieren europäesche Projet vun engem neie Kampfjet FCAS wäert weider gefouert ginn, dat sot de franséische President Emmanuel Macron um EU Sommet zu Nikosia an Zypern. Hien hätt e gutt Gespréich doriwwer mam Bunedeskanzler Friedrich Merz gehat, heescht et.

auto_stories

1 min

An de nächste Woche soll de Projet nach eemol nei analyséiert ginn. Di dräi bedeelegt Entreprisen, Dassault Frankräich, Airbus Däitschland an Indra aus Spuenie waren sech bis elo net iwwer de Projet eens ginn. 

Den neie Kampfjet soll den Eurofighter an déi franséisch Rafale vun 2040 un ersetzen.