Kënschtlech Intelligenz

KI-Modell vun OpenAI lancéiert selbststänneg Cyberattack

Ee KI-Modell vun der Firma OpenAI huet selbstänneg eng Cyberattack lancéiert. Dëse bis elo eenzegaartege Sécherheetsvirfall bei engem internen Test, huet OpenAi haut gemellt. 

auto_stories

1 min

© EPA/ADAM VAUGHAN
(Foto: EPA/ADAM VAUGHAN)

Deemno hätten nei KI-Modeller eng Schwaachstell genotzt, fir aus hirem Testëmfeld auszebriechen, sech Accès op den Internet ze verschafen an an d'Systemer vun der KI-Plattform "Hugging Face" anzebriechen.

OpenAI no sollte mat de Modeller eigentlech nëmme Fäegkeete fir Cyberattacken ënner kontrolléierte Bedéngunge getest ginn. Amplaz hu si awer op eege Fauscht onbekannt Sécherheetslacunnen a geklauten Zougangsdonnéeë genotzt, fir un Informatiounen ze kommen.

Hugging Face hätt dës Attack awer séier stoppe kënnen, heescht et.