Noen Osten

Israel léisst d’Westjordanland no enger Attack op israeelesch Zaldoten ofspären

No enger Attack de Moien an der palestinensescher Stad Hebron bei där zwee israeelesch Zaldoten ëm d'Liewe komm sinn an dräi weider blesséiert goufen, sinn d'Grenzen zou. Déi zwee presuméiert palestinensesch Täter sinn dout.

auto_stories

2 min

E Konvoi vun israeelesche Militärgefierer am Westjordanland | ©  EPA/ALAA BADARNEH
E Konvoi vun israeelesche Militärgefierer am Westjordanland (Foto: EPA/ALAA BADARNEH)

Déi israeelesch Autoritéiten duerchsichen am Moment d’Géigend ronderëm Hebron am Süde vum Westjordanland. Groussflächeg Razziae solle palästinensesch Terrornetzwierker opdecken.

Den israeelesche Ministerpresident Benjamin Netanjahu huet iwwerdeems betount, datt d’Attack de Moie méi schlëmm hätt kënnen ausgoen, datt een awer ee gréissere Schued hätt kënne verhënneren.  

En Dënschdeg gëtt an Israel en neit Parlament gewielt. De Konflikt mat de Palästinenser ass e wichtegt Walkampftheema. Riets Politiker ronderëm den aktuelle Premier Benjamin Netanjahu wëlle Wieler:innen iwwerzeegen andeems si e schaarft Virgoe géint palästinensesch Ugrëffer verspriechen.

Attacke vu radikalen israeelesche Siidler

D'Attacke vu radikalen israeelesche Siidler géint Palästinenser ginn dogéint kaum thematiséiert, och net vun der Oppositioun ronderëm den Ex-Militär Gadi Eisenkot. Ëmfroen no kéint et souwuel fir dem Netanjahu seng Partei, wéi och fir d’Oppositioun schwéier ginn, fir sech bei de Walen eng Majoritéit ze sécheren.

Zënter den Hamas-Ugrëff vum 7. Oktober 2023 huet sech d’Lag am occupéierte Westjordanland weider verschäerft. Donnéeë vum palästinensesche Gesondheetsministère no goufen zënterhier an deem Gebitt méi wéi 1.100 Palästinenser bei israeelesche Militärasätz, Ausenanersetzungen an eegenen Attacken ëmbruecht. Och d’Gewalt vu radikalen israeelesche Siidler géint Palästinenser hätt däitlech zougeholl, heescht et weider.