No US-Sanktiounen

Internationaalt Strofgeriicht: Ass d’EU prett, sech mat den USA unzeleeën?

D'EU muss op d'US-Sanktioune géint den Internationale Strofgeriichtshaff reagéieren, fuerderen EU-Deputéierter. De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden (CSV) verurteelt d’Sanktiounen, mee wëllt fir d'éischt weider op den Dialog mat den USA setzen.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

Gebai vum Internationale Geriichtshaff zu Den Haag | © picture alliance / Zoonar | KONSTANTIN KALISHKO play_arrow
Gebai vum Internationale Geriichtshaff zu Den Haag (Foto: picture alliance / Zoonar | KONSTANTIN KALISHKO)

D’EU ass prett ze reagéieren, mee net direkt. Dat geet aus den Aussoe vun der EU-Baussebeoptraagt Kaja Kallas en Dënschdeg am Europaparlament ervir.

"Déi Sanktiounen si falsch, do si mir eis all eens (...) Mee et geet och de Risiko vu Revanche a Vergeltung."

Nei US-Sanktiounen 

D’USA hate schonn zejoert 17 Persounen, Riichter an anerer, vum internationale Strofgeriicht zu Den Haag sanktionéiert. Dat Geriicht gouf 2002 an d’Liewe geruff fir sech mat Fäll vu Genocide, Verbrieche géint d’Mënschlechkeet oder Krichsverbriechen ze befaassen.

D’Geriicht wier ze vill politiséiert, esou d’Kritik aus dem Wäissen Haus. Den 10. Oktober gouf eng Schëpp bei Sanktioune bäigeluecht. D’USA hunn ënner anerem annoncéiert bis a sechs Méint d’Verméige vum Strofgeriichtshaff an den USA op Äis ze leeën.

Déi nei Sanktiounen hätten och Repercussiounen op europäesch Entreprisen, déi an den USA Geschäfter maachen a mam Geriichtshaff zesummenzeschaffen. Dat betrëfft ënner anerem Banken, Assurancen oder Software-Entreprisen.

Appell vun der EU-Chefdiplomatin: Servicer fir Geriichtshaff net stoppen

Nach wieren d’Sanktiounen net a Kraaft, dowéinst sollten d’Entreprise net iwwerreagéieren, esou en Dënschdeg den Appell vun der EU-Chef-Diplomatin.

"Wann ech gelift, stoppt Är Servicer fir d’Internationaalt Geriicht net!"

Genee dat hat d’Lëtzebuerger Spuerkeess schonn 2025 gemaach an deem si Konte vun der Cour pénale zougemaach huet. D’Lëtzebuerger Regierung, déi näischt dogéint ënnerholl hat, gouf dofir vun den Oppositiounsparteie kritiséiert.

Lëtzebuerger Regierung ass géint US-Sanktiounen

Lëtzebuerg ass op der Säit vun dem internationale Strofgeriichtshaff. Huet awer de Premier Luc Frieden um Bord vum EU-Sommet déi lescht Woch ënnerstrach. Hie selwer wier als Lëtzebuerger Justizminister bei där éischter Sitzung vum Geriicht derbäi gewiescht.

D’Lëtzebuerger Regierung wier géint déi Sanktiounen.

EU zéckt, de "Blocking Status" ze declenchéieren 

Am Zentrum vun den Debatte steet den Ament d’Fro, ob d’EU soll säin Instrument vun engem “Blocking Statute” asetze soll. Dat Instrument ass dofir do, europäesch Entreprisen a Bierger géint d’Auswierkunge vu Sanktiounen aus Net-EU-Länner ze beschützen.

Dat entspriechend EU-Reglement schreift vir, datt esou Sanktiounen an der EU net dierfe respektéiert ginn a seet och, datt Geriichtsurteeler, déi op deene Sanktioune baséieren, an der EU net unerkannt ginn.

D’Europäesch Unioun huet allerdéngs bis elo gezéckt, dat Instrument ze declenchéieren. Eng direkt Konfrontatioun mam Partner déisäits vum Atlantik wollt ee wuel verhënneren.

EU-Deputéiert fuerderen eng europäesch Reaktioun

Verschidden EU-Länner gesinn dat anescht an och am Europaparlament ginn et ëmmer méi Appeller un d’Europäesch Kommissioun, ze reagéieren. Dat huet d’Debatt en Dënschdeg an der Plenière gewisen.

"Mir mussen eis Bierger an Entreprise schützen an dofir all Moyenen notzen, och dee vum Blocking Statut."

Dat fuerdert zum Beispill de President vun der Handels-Kommissioun, de Bernd Lange, Europadeputéiert vun den däitsche Sozialdemokraten. D’Zäit vum Dialog ass eriwwer, fënnt och de gréngen EU-Deputéierte Mouni Satouri.

"Mme Kallas, et muss gehandelt ginn. Aktivéiert endlech de Blocking Status. Dir refuséiert zënter zwee Joer, en ze declenchéieren."

Luc Frieden: Fir d’éischt op den Dialog setzen 

Zu Lëtzebuerg hat d’LSAP d’Regierung déi lescht Woch an der Chamber opgefuerdert, sech dofir anzesetzen. Déi entspriechend Motioun krut awer keng Majoritéit. D’EU wier prett all néideg Mesuren ze huelen, hunn um Enn vum EU-Sommet d’EU-Staats- a Regierungscheffe festgehalen.

Kloer Consignen, zum Beispill dee Blocking Statut ze declenchéieren, krut d’EU-Kommissioun awer keng. Wann et noutwenneg wier, misst d’EU och dee Mechanismus declenchéieren, sot dozou zu Bréissel de Luc Frieden.

"Mee dat ass a mengen A fir de Moment ze fréi. Dat kënnt eréischt, wann aner Mëttele vum Dialog mat eisen amerikanesche Frënn net géifen zu Resultater féieren. Eent nom aneren."

EU-Kommissioun: "All Moyenen um Dësch"

D’Europäesch Kommissioun iwwerdeems betount, si wier am gaangen ze préiwen, wéi eng Mesuren op d’Bee gesat ginn, fir d’Geriicht zu Den Haag ze beschützen.

"All d’Optiounen, och déi vum Blocking Statut, sinn um Dësch."

Dat sot e Méindeg eng Porte Parole. D’Europäesch Unioun hätt nach sechs Méint Zäit fir ze reagéieren, eréischt dann trieden déi US-amerikanesch Sanktiounen a Kraaft. Dorop huet d’EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas an der Debatt am Europaparlament higewisen.

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Lauschterenplay_arrow