De Steve Martellini, Generalsekretär vun der Horesca, rechent domat, datt d‘Präisser fir d‘Clienten an der Restauratioun an Hotellerie tëschent 5 bis 6 Prozent wäerte klammen.
Den Horeca-Secteur géif op zousätzlech Hëllef vun der Regierung hoffen an et wier gutt, elo schonn eng Tripartite virzebereeden, esou de Generalsekretär vun der Federatioun vun de Restaurateuren, Hotelieren a Cafetieren.
Kompensatioun vun 1,3 Prozent beim Mindestloun just eng Drëps op de waarme Steen
Ronn 28.000 Leit schaffen am Horeca-Secteur. Dovun si ronn d‘Hallschent Mindestlounempfänger. Fir si wier et natierlech eng gutt Saach, datt de soziale Mindestloun am Januar d‘nächst Joer ëm 3,8 Prozent wäert gehéicht ginn, betount de Steve Martellini.
Mee obwuel d‘Regierung sech bereet erkläert huet, 1,3 Prozent dovun ze kompenséieren, wier den Horeca-Secteur mat zousätzleche Käschte konfrontéiert, dorënner déi méi héich Energiekäschte wéinst dem Krich am Noen Osten an eng Indextranche, mat där de Statec fir dat zweet Trimester dëst Joer rechent.
"Wann een elo d'Margen am Secteur kuckt, déi wierklech minim si bei 3 bis 5 Prozent. Also da kann ee sech virstellen, datt d'Präisser trotz allem wäerte 5, 6 Prozent klammen. Dat ass d‘Richtung, déi mir virausgesinn."
"Besser ze diskutéieren, éier d'Kand am Pëtz läit"
Déi onsécher geopolitesch Lag an domat verbonnen Hausse vun de Sprit-, an anere Präisser, géing och matsechbréngen, datt d‘Leit spueren a manner an de Restaurant ginn. Wéinst all deenen Entwécklungen hofft den Horeca-Secteur elo op zousätzlech Ënnerstëtzung vun der Regierung.
"Mir si jo och am Kontakt mam Wirtschaftsminister, wou mir eis wierklech relativ oft mëttlerweil ënnerhalen an dat och ganz genee natierlech observéieren. Ech mengen, datt et och an der Politik ass elo do Verantwortung eng Kéier ze iwwerhuelen an dorobber ze reagéieren."
Dofir deelt och den Horesca-Generalsekretär Steve Martellini d‘Ausso vum Fedil-President René Winkin d‘lëscht Woch op eiser Antenn, datt een elo schonn ufänke misst, eng Tripartite virzebereeden.
"Absolut. Ech mengen, et ass ëmmer besser, éier d'Kand am Pëtz läit, doriwwer ze diskutéieren an op d'mannst emol ze kucken, a wéi eng Richtung datt et ka goen. Do hätt och all Secteur d'Méiglechkeet, seng Doleancë weiderzeginn."
Et soll een net panikéieren, betount nach de Horesca-Generalsekretär. Mee déi wirtschaftlech Tragfäegkeet vu ville Betriber am Horeca-Secteur wier den Ament a Fro gestallt.