Santé

HIV-Prophylax soll an Zukunft och baussent Klinicken zougänglech ginn

D‘Verschreiwung vun der Präexpositiounsprophlyax géint den HIV (PrEP) soll an Zukunft net méi just am Service national vun den infektiéise Krankheeten erhältlech sinn. Dat huet d‘CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP Deputéierter Claire Delcourt geäntwert. 

auto_stories

1 min

© picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt
(Foto: picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt)

De Programm hätt grousse Succès an d‘Demande wier grouss, esou datt een d‘PrEP och baussent der Klinik méi zougänglech wéilt maachen. Dat wier och am neien Aktiounsplang fir d‘Rechter vun LGBTIQ+ Persoune virgesinn.

Dofir sollen Doktere baussent der Klinik forméiert ginn, fir déi Verschreiwung kënnen ze maachen, esou d‘Gesondheetsministesch.

Nofro ass grouss

Beim SNMI kascht eng Behandlung den Ament 1.850 Euro pro Joer a gëtt vun der Gesondheetskeess iwwerholl. Vun 2021 bis 2025 hätt sech d‘Unzuel u Leit, déi op d‘mannst eemol d‘Joer PrEP huelen, bal verduebelt.