Gesondheet

Gratis Impfprogramm géint de Papilloma-Virus och elo fir Leit tëschent 20 a 26 Joer

D'Impfung géint de Papilloma-Virus (HPV) war bis ewell gratis fir Leit bis 20 Joer. Op Urode vum Conseil supérieur des maladies infectueuses gëtt déi Gratis-Impfung elo och fir jonk Fraen a Männer bis 26 Joer ugebueden.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Fabian Sommer
(Foto: picture alliance/dpa | Fabian Sommer)

De Papilloma-Virus féiert zu den heefegsten Infektiounen am Genitalberäich a kann a rare Fäll och Kriibs ausléisen. 

Enger Enquête vun 2024 no ass just all zweete Jonken am Alter vun 20 Joer géint HPV geimpft.