Den 1. September mécht Op der Lay no gutt 33 Joer seng Dieren zou. Déi Decisioun ass dem Eric Steffen net liicht gefall. Hien huet de Verlag an de leschte Joren zesumme mat der Doris Bintner nieweberufflech geféiert.
Mee, nodeems hie gouf Papp gouf, wéilt a bräicht hien elo einfach méi Zäit fir seng Famill.
"Mir sinn d'Affer vun eisem eegene Succès ginn, wann een esou wëllt. Dat heescht, mir hunn net manner verkaf wéi iwwer déi lescht Joren, mee duerch de Webshop hu mer souguer e bësse méi Clientë fonnt. Dat bedeit natierlech och immens vill méi Aarbecht."
Déi vill Aarbecht kéint hien net méi ënner een Hutt mat senger Roll als Papp bréngen, esou den Eric Steffen.
Bal kee bezuelt Personal
De Problem vun der Zäit an de Ressource wier keen Eenzelfall am Lëtzebuerger Verlagswiesen, huet d‘Diane Tobes vu KulturLX gemengt.
"Et ass wichteg ze ënnersträichen, datt d'Editeuren extreem passionéiert an engagéiert Leit sinn. Dat ass e ganz vitale Secteur, oft eng One-Woman - oder One-Man-Betrib, déi awer leider kee Personal hunn."
D‘Qualitéit a Professionalitéit vun de Lëtzebuerger Editiounshaiser hire Publikatiounen hätt sech an de leschte Joren däitlech verbessert, huet et op der Table Ronde geheescht.
Mee, wéi de Jo Kox, President vum nationale Kulturfong, betount huet, géifen et ronn eng Dose Leit ginn, déi ee Salaire an den Editiounshaiser kréien.
"A mir hunn der iwwer 18 Leit, déi benevole ënnerwee sinn an den Editiounshaiser. Dat heescht, mir hunn einfach kee Marché. Mir hu kee Marché de l'art, esou hu mer och kee Marché de l'édition. A mir mussen och do Tacheles schwätzen. Hei si mer och an engem Businessmodell, deen zu Lëtzebuerg mat der Superficie net kann iwwerliewen."
Ouni Subventiounen onméiglech
D‘Rechnung ass séier gemaach. De Marc Binsfeld, vun Editions Guy Binsfeld, huet et bei der Table Ronde illustréiert.
"Ech huelen e Buch, dat déi 20 Euro kascht am Verkaf. Da bleift dem Editeur ongeféier 50 Prozent vun deem Verkafspräis, fir seng Käschten ze decken. Dat heescht, soe mer einfach 10 Euro, wann ech 400 Bicher verkafen, wat schonn net schlecht ass am Literaturberäich, dann hunn ech 4 .000 Euro."
Ouni d‘Subventiounen, déi Verläg vum Kulturfong kréien, géif déi Rechnung wuel guer net opgoen.
Fuerderung no engem Editiounsdësch
Den Ament kënne Verläg pro Buch bis zu 6.000 Euro kréien, a de dierfe bis zu véier oder fënnef Bicher areechen. Mee, sot de Jo Kox ganz kloer, d'Subventioune géifen net duergoen. Dofir misst en „Editiounsdësch“ an d‘Liewe geruff gi fir iwwer nei Zorte vun Hëllefe fir d‘Velagswiesen ze decidéieren, esou de President vum nationale Kulturfong.
"An hei geet et ëm eng strukturell Hëllef. A mir mussen d'Editiounswelt esou dohinnersetze wéi d'Pressewelt. D'Press gëtt jo zu Lëtzebuerg och ënnerstëtzt. An do hu se jo och de System gewiesselt. An deem Sënn, datt fréier op de Kilopräis d'Zeitunge subventionéiert gi sinn. Haut ass et par le Biais vun de Journalisten."
Och bei den Editiounshaiser bréicht een ee Gesetz, dat d'Fonge reegelt.
"Datt si kënnen iwwer dat Gesetz Fonge kréie fir Personal, déi e Professionell an deenen Haiser kënne schaffen, do kofinanzéiert ginn. Well soss bréngt och all zousätzleche Subsid vum Fonds culturel oder vun aner Leit näischt."
Ministère schafft u gesetzlechem Kader
Ass de Kulturministère bereet mat op dee Wee ze goen? Et wier ee sech de Problemer vun den Editeuren duerchaus bewosst, sot d‘Nora Si Abderrahmane aus dem Kultur-Ministère.
"Mir schaffen elo aktuell ganz intensiv un engem gesetzleche Kader, deen et erméigleche soll, kulturell Entreprisen zu Lëtzebuerg finanziell ze ënnerstëtzen, dorënner och d'Editeuren."
An dem Kader géif een och envisagéieren, e System vu strukturellen Hëllefen op d'Been ze stellen.
"Deen d'Kommunikatiouns-, Diffusiouns-, Gestiouns-, mee och d'Fonctionementskäschte vun Editiounshaiser ofdecke soll."
Dat géif vill hëllefen, soten déi Responsabel vun der Verlagshaiser an d‘Auteure bei der Table Ronde an der Emissioun Kultur am Gespréich.
Eens war si sech iwwregens och, datt et gutt wier, wa méi Bicher vu Lëtzebuerger Schrëftsteller:innen an de Schoulen hei am Land um Programm géife stoen.
Lauschtert hei déi ganz Diskussioun