UNO-Konferenz zu New York

Fir Frankräich ass eng Zweestaateléisung déi eenzeg Alternativ fir Fridden

Fir de Fridden am Noen Oste géif et keng aner Alternativ gi wéi eng Zweestaateléisung mat der Co-Existenz vun Israel an engem onofhängege palästinensesche Staat. Dat huet Frankräich um éischten Dag vun der UNO-Konferenz zu New York betount.

auto_stories

1 min

UNO Illustratioun | © picture alliance / Pacific Press | Lev Radin
UNO Illustratioun (Foto: picture alliance / Pacific Press | Lev Radin)

D'UNO-Konferenz gëtt vu Frankräich a Saudi-Arabien co-presidéiert. Lëtzebuerg ass duerch den Ausseminister Xavier Bettel vertrueden.

Israel an d'USA boykottéieren d'Konferenz. Den amerikaneschen Ausseministère sot, d'Konferenz wier e "public relations stunt", a géif déi reell Efforte fir de Fridden ënnergruewen.