Där Meenung si virun allem d’Vertrieder vun der LSAP, déi gréng an déi Lénk no enger Sëtzung vun der aussepolitescher Chamberkommissioun.
E Bréif am Fokus
Besonnesch stéieren sech d’Vertrieder vun den dräi lénken Oppositiounsparteien um Ëmgang mat engem Bréif vum internationale Strofgeriichtshaff un de lëtzebuergeschen Ambassadeur an Holland. Dee Bréif hätt fënnef Méint gebraucht fir beim Ausseminister a beim Finanzminister unzekommen, kritiséiert d’Deputéiert vun déi gréng Sam Tanson.
"Op där enger Säit hu mer dauernd d'Déclaration d'intention, wou gesot gëtt et ass eng wichteg Institutioun a mir mussen se héich halen a grad an dësen Zäiten ass se extreem wichteg. Wann awer da konkreet eng Demande kënnt fir eng Hëllefstellung ze kréien, da reagéiert dës Regierung absolutt net."
Den David Wagner, Deputéiert vun déi Lénk, fënnt dat och bedenklech.
"Et ass esou eng sensibel Fro, déi ass net richteg mat Zäite behandelt ginn, ass a mengen Aen en Zeechen dofir, datt d'Lëtzebuerger Regierung an den Ausseministère an deem Fall keng Sensibilitéit fir dës Fro huet. Dat heescht keng Sensibilitéit huet fir de Respekt vum Droit international."
Regierung wëll sech net amëschen
Den DP-Ausseminister Xavier Bettel vertrëtt dogéint déi selwecht Positioun déi och schonn den CSV-Finanzminister Gilles Roth an de Premierminister Luc Frieden haten. D’Regierung wéilt sech net an déi deeglech Gestioun vun der Spuerkeess amëschen. En Argument, wat den LSAP-Deputéierte Franz Fayot net kann novollzéien.
"Mir schwätzen hei vun engem Fall vun Overcompliance, vu verauseilender Gehorsam vun enger Bank, déi 100 Prozent am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat steet, déi net am loftleere politesche Raum operéiert a wou een am am Fong hätt missen higoen an der Spuerkeess soen, dat do ass keng gutt Iddi, fir déi Konten do zouzemaachen."
Wann d’Regierung wéilt kohärent sinn, da misst se d’Deklaratiounen, déi se fir de Schutz vun den Institutioune mécht, och um Terrain ëmsetzen. An dat wier awer mat dëser Regierung net de Fall, esou nach de Franz Fayot.
D’Spuerkeess hat d’Konte vum internationale Strofgeriichtshaff am Kader vun amerikanesche Sanktiounen zougemaach. Déi hat den US-President Trump verhaangen, nodeems d’Institutioun Haftbefeeler géint den israeelesche Premier Benjamin Netanyahu a säin deemolege Verdeedegungsminister ausgestallt hat.