D’Terrainen, déi der CFL gehéieren a momentan eidel stinn, sollen engersäits genotzt gi fir d’Funktionalitéit vun der Gare auszebauen an op der anerer Säit awer och eng urbanistesch Funktioun kréien. Virgesi si laut Ministesch eng Busgare, e Kiss&Go Parking, en Taxis-Parking souwéi en neit Voyageursgebai, also quasi eng Extensioun vum aktuelle Garesgebai.
Gare-Service soll net ageschränkt ginn
Dodranner si Servicer a Geschäfter geplangt, souwéi en geséchert Ofstellplaz fir Vëloen. Ee renge Wunndeel ass hei laut PAG net virgesi, et soll awer laut Ministère doriwwer diskutéiert ginn.
Generell wéilt en hei awer eng zweet Fassade vum historesche Garesgebai a Richtung Bouneweg schafen an och den Accès vum Bouneweger Quartier zur Gare verbesseren. Déi multimodal Funktioune vun der Gare sollen dobäi zu all Moment garantéiert bleiwen.
D’CFL, als Proprietäre vum Terrain, wäert dobäi Bauhär sinn, dat awer an Ofsprooch mat der Stat Lëtzebuerg, den zoustännege Ministèren, Luxtram a Ponts et Chaussées. Virleefeg wäert d’CFL den Terrain als Busparkplatz notzen, dat bis de neie Busdepot zu Bouneweg fäerdeg gestallt ass.