Franséisch Literatur

Entloossung vun Direkter an de Réckzuch vun 115 Auteuren huet ageschloe wéi eng Bomm

En Dënschdeg ass den Olivier Nora, den Direkter vun den Editions Grasset, engem vun de ganz groussen a renomméierte franséische Verlagshaiser, entlooss gi vu sengem Haaptaktionär Vincent Bolloré. Aus Protest dogéint hunn 115 Auteuren ugekënnegt hir Bicher net méi bei Grasset ze publizéieren.

auto_stories

1 min

headphones

5 min

© LPLT/Wikimedia Commons play_arrow
(Foto: LPLT/Wikimedia Commons)

Am Milieu gëtt mëttlerweil scho vun der "Trumpiséierung" vum franséische Verlagswiese geschwat. Dat virop, well den Haaptaktionär Vincent Bolloré, ee Milliardär, ee groussen Impakt op dat franséischt Verlagswiesen huet. Him gehéieren, nieft Editions Grasst, nach weider Verlagshaiser, dorënner och Hachette oder Fayard. 

Ënner anerem dem fréiere franséische President Nicolas Sarkozy säi Buch "Le journal d'un prisonnier" gouf vum Editeur Fayard erausbruecht. 

Ënner deenen 115 Auteuren an Autorinnen, déi elo de Verlag Grasset verlooss hunn, si ganz bekannt Nimm. Dorënner d'Virgine Despentes oder nach de Georges de Challant. 

Wat bedeit dat elo fir dat franséischt Verlagswiesen?

Doriwwer huet de Maurice Molitor mam Jeff Schinker geschwat. 

Lauschterenplay_arrow