Belsch

Eng Méimaschinn war wuel Ausléiser fir Bëschbrand am Naturschutzgebitt Héicht Venn

Belsche Medien no géif eng Loftopnam vun negem Hobbypilot weisen, datt d'Feier op enger Wiss ausgebrach ass, déi frësch geméit war. Eng Firma méit am Optrag vun der Regioun Wallonie reegelméisseg am Héije Venn.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Christoph Reichwein
(Foto: picture alliance/dpa | Christoph Reichwein)

Bei den Aarbechte mat der Méimaschinn wiere warscheinlech Fonken entstanen, déi d'Feier ausgeléist hätten, esou RTBF.

Firwat d'Aarbechten trotz der Dréchent duerchgefouert gi sinn, misst d'Enquête elo weisen.