De Staatsministère huet op eis Nofro confirméiert, datt och de Lëtzebuerger Premier e Revolver vum tierkesche President geschenkt kritt huet, beim NATO-Sommet, deen de 7. an 8. Juli zu Ankara war.
“Neutralisation définitive de l’arme”
De Luc Frieden huet seng Waff mat op Lëtzebuerg brénge gelooss.
“Compte tenu de la nature particulière du cadeau remis à tous les dirigeants lors du Sommet de l’OTAN à Ankara par le Président Erdogan, celui-ci a été pris en charge directement par les agents du Service de protection du Gouvernement, habilités à assurer la prise en charge et la manipulation de ce type d’objets conformément à la réglementation luxembourgeoise en la matière.”
D’Waff wier versigelt an am Aklang mat den übleche Reegele gelagert ginn, huet de Staatsministère um Donneschdeg preziséiert.
“Il a été décidé de procéder à la neutralisation définitive de l’arme, c’est-à-dire à la rendre irréversiblement inutilisable, tout en préservant sa valeur symbolique en tant que cadeau diplomatique. Le cadeau sera ensuite conservé avec les autres cadeaux diplomatiques au ministère d’État.”
Ongewéinlech Kaddoe vum tierkesche President
Iwwer déi ongewéinlech Kaddoe fir d’Staats- a Regierungscheffen um NATO-Sommet zu Ankara, hat fir d’éischt de brittesche Premier Keir Starmer Journalisten um Wee zréck a Groussbritannien informéiert. An all Waff wier den Numm vun deem agravéiert, deen de Kaddo kritt huet. Och eng Autorisatioun vum Erdogan fir d’Waff auszeféieren, wier dobäi gewiescht.
Dat tierkescht Präsidialamt huet der Agence DPA confirméiert, datt Waffe verschenkt goufen, ouni awer Detailer ze nennen.