A ganz Däitschland wier et wuel deen zweetwäermste Summer gewiescht. Den Temperatur-Duerchschnëtt loung hei bei 19,6 Grad. Deemno dierft just de Joerhonnert-Summer vun 2003 mat 19,7 Grad méi waarm gewiescht sinn.
Nawell hätt et nach ni esou dacks Hëtztwelle ginn, wéi dëse Summer, esou nach den Däitsche Wiederdéngscht. An e wier och ze dréche gewiescht.