Tierkei

Den Europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff fuerdert d'Fräiloossung vum Osman Kavala

Den Europäesche Mënscherechtshaff huet d‘Fräiloossung vum tierkeschen Entreprenuer, Mäzen a Mënscherechtsaktivist Osman Kavala ordonéiert. De Mann sëtzt zënter 2017 an der Tierkei am Prisong.

auto_stories

1 min

Den Osman Kavala | © picture alliance / Wiktor Dabkowski | Wiktor Dabkowski
Den Osman Kavala (Foto: picture alliance / Wiktor Dabkowski | Wiktor Dabkowski)

Hien ass zu enger liewenslaanger Strof verurteelt gi wéinst senger Roll bei de regierungskrittesche Protester an der Tierkei. Hie soll probéiert hunn, d‘Regierung zu Ankara ze stierzen. Hie selwer huet dat ëmmer dementéiert.

D‘Geriicht zu Stroossbuerg mécht zënter Joren Drock op d'Tierkei an huet d‘Tierkei och dozou verurteelt, 110.000 Euro als Schuedenersatz ze bezuelen.