Film

Déi 83. Editioun vum Filmfestival zu Venedeg geet den Owend lass

Optaktfilm ass de Film „Ink“ vum brittesche Regisseur Danny Boyle, bekannt fir de Kultfilm „Trainspotting“. A sengem neie Film geet et ëm de Medien-Tycoon Rupert Murdoch.

auto_stories

1 min

©  EPA/FABIO FRUSTACI
(Foto: EPA/FABIO FRUSTACI)

An der Kompetitioun fir de Gëllene Léif zu Venedeg lafe bis den 12. September am Ganzen 20 Filmer.

Et sinn och zwou Lëtzebuerger Co-Produktioune mat dobäi: Artou a Guria.

Fir den Optakt vum Festival den Owend gëtt de 65-Joer alen Hollywood Star George Clooney mam Gëllene Léif fir säi Liewenswierk geéiert.