Defenseministesch Yuriko Backes huet u Konferenz vum Ukrain-Kontaktgrupp deelgeholl
D‘Defenseministesch Yuriko Backes war haut, via Videokonferenz bei der 34. Reunioun vum sougenannten Ukrain-Kontaktgrupp dobäi, déi zu Berlin war. Op Invitatioun vum däitschen Defenseminister Boris Pistorius waren eng 50 Länner, déi d‘Ukrain ënnerstëtzen, dobäi.
Et ass drëms gaangen, d‘Militärhëllef fir d‘Ukrain ze koordinéieren, heescht et am Communiqué vum Verdeedegungsministère. Och den NATO-Generalsekretär Mark Rutte an d‘EU-Ausseboptraagt Kaja Kallas ware beim Treffen dobäi.
Lëtzebuerg huet der Ukrain bis elo 414 Milliounen Euro Militärhëllef zur Verfügung gestallt. Fir dëst Joer sollen nach emol 100 Milliounen deblockéiert ginn.