Roum huet deemools argumentéiert, datt d‘italieenesch Grenze misste geschützt ginn. Et gëtt awer keng Indicen dofir, datt Migrant:innen vu Ceuta, sech op de Wee an Italie gemaach hätten. Kritiker geheien der rietser Regierung vun der Giorgia Meloni dofir vir, mat de Grenzkontrolle Symbolpolitik ze maachen.
Pedro Sanchez gesäit rietsextreeme Beweegungen an der Schold
De spuenesche Premier Pedro Sanchez gehäit sozialen Netzwierker mat "Verbindungen zu Russland an Israel“ grad ewéi internationale rietsextreeme Beweegunge vir, mat Falschmeldungen de Massenundrang op Ceuta ugedriwwen ze hunn. Datt Marokko eppes domat ze dinn hätt, huet hien awer ecartéiert.