Aarbechtswelt

CPTE: Konstruktiven Echange tëschent Sozialpartner, Positiounen awer wäit auserneen

Zwou Stonnen huet de Moien eng éischt Réunioun vum CPTE, dem Comité permanent du travail et de l’emploi, no der Summervakanz gedauert. D’Sozialpartner hunn do mam CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz iwwer Sujete wéi beispillsweis d’Aarbechtszäitorganisatioun diskutéiert.

auto_stories

1 min

© SIP / Claude Piscitelli
(Foto: SIP / Claude Piscitelli)

D’OGBL-Presidentin Nora Back an den UEL-President Michel Reckinger hunn no der Sëtzung vun engem konstruktiven Echange geschwat, och wann der Gewerkschaftlerin no d’Positioune bei där Aarbechtszäitorganisatioun wäit ausenee géife leien.

De Patronatvertrieder huet dogéint fonnt, datt een op verschiddene Punkte scho weiderkomm wier.

De Minister wëllt sengersäits bis Allerhellegen op dem Punkt substanziell virukommen an eventuell dëst Joer nach legiferéieren, wat d’Nora Back als een optimisteschen Szenario beschriwwen huet. Iwwer d'Plattformaarbecht gouf haut nach net geschwat.