Déi längste Canicule geet op de Juli 1983 zeréck. Deemools war et 23 Deeg laang extrem waarm.
Déi intensiivst Hëtztwell war iwwerdeems déi vum 17. bis den 30. Juni. Do louch déi landeswäit Duerchschnëttstemperatur bei 30 Grad. Vun den 53 Hëtztwellen, déi zënter 1947 a Frankräich registréiert goufen, ass méi wéi d'Hallschent no 2010 opgetrueden.
Bëschfeieren uechter Europa breeden sech aus - 12.000 Leit a Frankräich evakuéiert
A Frankräich breet d'Bëschfeier an der Gironde am Südweste vum Land sech weider aus. 12.000 Leit wieren evakuéiert ginn, huet d'Prefektur matgedeelt. D'Feier hätt bis elo 2.000 Hektar zerstéiert. Zënter gëschter huet déi zerstéiert Fläch sech quasi verduebelt.
En anert grousst Bëschfeier am Departement Var wier esou gutt wéi ënner Kontroll, mee nach net aus, esou d‘Pompjeeën. D‘Situatioun wier nach ëmmer ganz geféierlech, hu si gewarnt.
Och Italien a Spuenie bleiwen net verschount
Och op Sizilie brennt et. D‘Pompjeeë kämpfe géint eng Dose Feieren am Süde vun der italieenescher Insel. Eng Persoun koum bis elo ëm d‘Liewen.
An a Spuenien ass en neit Bëschfeier bei der Stad Toledo ausgebrach.
Extrem Hëtzt och zu Tokyo: 14 Doudeger
Déi extrem Hëtzt zu Tokyo huet fir déi héchst Zuel u Spidolsaliwwerunge wéinst enger Canicule zënter 2010 gesuergt.
14 Mënsche sinn no den héijen Temperature gestuerwen. Déi meescht Affer waren deshydratéiert oder haten en Hëtzschlag.
Op ville Plaze sinn d'Temperaturen op iwwer 40 Grad geklommen.