Enn September hat den LSAP-Buergermeeschter Guy Altmeisch, am Déifferdenger Gemengerot annoncéiert, datt d'Gemeng fälschlecherweis iwwer 400.000 Euro op e Kont vu Kriminellen iwwerwisen hat. Dëst am Kader vun engem Bauprojet. D‘Gemeng Déifferdeng huet elo weider Detailer publizéiert.
Bedruch war schonn am Mee opgeflunn
De Bedruch wier den 19. Mee entdeckt ginn, sechs Deeg no der Iwwerweisung. D'Sue ware bis dohinner awer schonn op deen anere Kont transferéiert ginn.De Buergermeeschter Guy Altmeisch bedauert an engem Statement, datt d'Ëffentlechkeet ze spéit informéiert gouf an déi éischt Informatiounen deels falsch waren.
D‘Gemeng huet Plainte gemaach an hir intern Kontrollprozedure verschäerft, esou nach d‘Erklärung am Communiqué.