Warnsystem

An der Mëttesstonn ginn d'Sirenen: De Warnsystem LU-Alert gëtt nees getest

An der Mëttesstonn ginn d‘Sirenen, well de LU-Alert nees getest gëtt. Ausserdeem schéckt d‘Police vun 11:00 Auer un geo-lokaliséiert SMSen op Esch-Belval eraus.

auto_stories

1 min

D‘SMSe ginn iwwer e puer Kanäl geschéckt: op der Handy-App LU-Alert, um Site LU-Alert an op der Facebook-Säit vun der Police. Well et sech ëm en Test handelt, brauch een net ze reagéieren, esou den Inneministère an d‘Police an engem Communiqué.