Weltdag ouni Tubak

39 % vun deene Jonken tëschent 16 a 24 Joer hu wéinst Stress ugefaangen ze fëmmen

Jidderee kennt d'Konsequenze fir d'Gesondheet an awer fëmmen hei am Land ronn een Drëttel vun den Awunner:innen iwwer 16 Joer reegelméisseg oder heiansdo. Dat geet aus der neister Ëmfro vun ILRES zum Theema ervir, déi dës Woch am Virfeld vum Weltdag ouni Tubak publizéiert gouf.

auto_stories

4 min

© EPA/TOLGA AKMEN
(Foto: EPA/TOLGA AKMEN)

De Konsum fänkt fréi un, dacks scho virum 18. Gebuertsdag. Generell géif de Konsum vun deene Jonken engem Suerge maachen, seet de Lex Schaul vun der Fondation Cancer.

"Well do souwuel bei den Tubaksproduiten, mee och bei den Nikotinproduiten de Konsum relativ héich ass. Déi Jonk kennen d'Suitte vum Tubak an Nikotinkonsum an trotzdeem ass d'Consommatioun relativ héich. Dat heescht, dat ass fir eis wichteg ze kucken, u wat läit et?" 

Stress ass grousse Faktor 

D’Grënn sinn zum Deel scho méi laang bekannt - wéi Gruppenzwang, oder well et iertemlecherweis cool ass. Mee och de Stress schéngt ee wichtege Facteur ze sinn? 

"De Stress ass elo eppes, wat mir déi lescht Jore manner evaluéiert hunn, wat mir elo dëst Joer och e bësse méi genee gekuckt hunn an do ass schonn erstaunlech, datt dat bei deene Jonken tëschent 16 a 24 Joer den Haaptgrond u sech ass, mat 39 Prozent déi, déi wéinst Stress ugefaangen hu mat fëmmen."

Dat wiere wichteg Donnéeën, esou de Lex Schaul. 

"Well dat heescht, datt een deen Aspekt definitiv muss bei deene Jonke consideréieren an datt een do ganz vill och un de psychosoziale Kompetenze vun de Jonken an un der mentaler Gesondheet vun de Jonken, déi och muss mat abezéien."

Der Etüd no consomméieren déi Jonk nieft Zigaretten och vill "nei" Nikotin-Produiten, wéi E-Zigaretten oder sougenannt Nikotin-Sacheten - also kleng Säckelcher, och Pouches oder Snus genannt, déi hanner déi iewescht Lëps geluecht ginn.

E-Zigaretten an Nikotin-Sacheten als Astig

An esou Sacheten ass zwar keen Tubak dran, mee verleeden se net awer dozou op Tubak-Produiten ëmzeklammen?

"Jo, de Problem ass, datt an deenen Nikotinsäckelcher deelweis ganz vill Nikotin dran ass. Dat heescht, do huet een dann dee Problem mat der Ufängegkeet, déi sech do virun allem bei Jonker relativ séier entwéckelt." 

Studien aus dem Ausland géife weisen, datt et, genee wéi mat der E-Zigarett, als Astig ka gesi ginn.

"Dat heescht, datt vill Jonker, déi eigentlech ni ugefaangen hätte mat fëmmen, déi awer mat Nikotinsäckelcher oder mat enger E-Zigarett ufänken. A spéiderhin da souguer ufänke mat fëmmen."

Zënter Ufank vum Joer gëlle jo wéinst dem iwwerschafften Anti-Tubak-Gesetz nei Reegele fir de Maximal-Gehalt un Nikotin an esou Sacheten. Ze rezent also fir ee méiglechen Impakt an der Etüd ze gesinn.

Esouwuel banne wéi baussen dem Damp ausgesat

D’Gesetz hält och fest, datt Nikotin-Produiten net op ëffentleche Plazen dierfe consomméiert ginn, wou Jonker sech ophalen - also bei Schoulen oder bei Jugend-Fussballmatcher. Der Etüd no si Jonker nawell ëmmer nach staark dem Tubak passiv am Alldag ausgesat.

"Virun allem och op ëffentleche Plazen, wéi alles wat Bus- oder Tramsarrêten ass, do si se ganz vill exposéiert. Mee awer och op Terrasse vu Caféen a Restauranten ass och ee Punkt, wou mir signaliséiert kruten, datt der do ganz vill an och reegelméisseg exposéiert sinn." 

Och banne wieren déi Jonk dem Fëmmen ausgesat. 

"Wann een elo banne kuckt, dann ass et tatsächlech och nach Restauranten a Caféen a Baren, obwuel do u sech ee kloert Fëmmverbuet ass oder och Leit, déi op der Aarbechtsplaz och exposéiert sinn."

Op der enger Säit géifen d'Leit dann déi Chemikalien aus dem Damp anootmen, esou de Lex Schaul.  

"Mee wat eis awer och ganz wichteg ass, ass einfach, datt wann een als Jonken op ganz ville Plaze bei all Entrée op all Terrass oder op all Busarrêt, Mee wann een all Dag ee gesäit fëmmen, dann ass d'Warscheinlechkeet méi grouss, datt ee selwer eng Kéier ufänkt mat fëmmen." 

Fir opzehalen hëlleft Ënnerstëtzung

Elo wéilt jo awer all zweete Fëmmert gären ophalen. Dat weist d’Etüd schonn zënter e puer Joer.

"Do hu mir awer och gesinn, datt vill Leit nach ëmmer probéieren eleng opzehalen an et ass awer bewisen, datt wann ee sech Ënnerstëtzung hëlt, virun allem vun engem Professionellen, datt d'Chancen däitlech méi héich ginn, fir tatsächlech à long terme opzehale mat fëmmen."

Esou de Lex Schaul vun der Fondation Cancer iwwer déi neiste Resultater vun der nationaler Enquête iwwer den Tubak-an Nikotin Konsum hei am Land.